Am Krees dréinen

Published: Feb. 8, 2018, 12:15 p.m.

Näischt ewech geheien, mä recycléieren an dorausser nees en neit Produkt maachen ass d'Philosophie vun der Kreeslafwirtschaft. Dozou gehéiert och, sech vum perséinlechen Eegentum ze trennen a Saachen nëmmen nach ze lounen. D'Philosophie vun der Kreeslafwirtschaft ass hautdesdaags kee Luxus, mä eng Iwwwerliewensnoutwendegkeet fir eise Planéit.  An d'Schicksal leit zum groussen Deel an den Hänn vun der jonker Generatioun. Dat war de Message op der rezenter Matinée d'études interlycées am Stater Kolléisch.