#69 Nëmme Gezwitscher

Published: March 22, 2022, 9:05 a.m.

Eng Episod nëmme Gezwitscher. Wärend ee vun deenen 3 aus der Buvette Vakanz mécht, ginn déi aner zwee wei gewinnt hirem Job no. Nierwend Krämpercher vum Ben an engem gehalenen Eelefmeter vum Dylan, hunn déi zwee sech och nach dem Béierbecher zu Bochum gewidmet a verroden, wei een am Lëtzebuerger Fussball déi eng oder aner Wett gewanne kéint. Ganz besonnesch an der Folleg: D´Definitioun vun enger Buvette.