#58 Déifferdenger Chrëschtmaart zu Wolz

Published: Dec. 14, 2021, 9:55 a.m.

Den Dylan hänkt an de Bierger fest an iwwerléisst dofir deenen aneren zwee d’Buvette, déi sech an der leschter Episod fir des Joer gutt Zäit gelooss hunn, dem Ben seng nei Roll als Goalgetter ze klären an op d’BGL Ligue ze kucken. De Gilles huet et richteg genoss, rëm lëtzebuerger Fussball ze kucken an dem Ben säi scho bal historeschen Dag zu Wolz mat ze erliewen. An da gouf et bei der UEFA eng net onintressant Pann, wat puer Spekulatioune mat sech bréngt.