#55 Skipper geht von Bord

Published: Nov. 23, 2021, 7:55 a.m.

Eng turbulent Woch, an där et definitiv net langweileg ginn ass... Quarantän, Beaujolais mat Kéis a wichteg Punkte stinn déi Kéier ganz uewen op der Lëscht. Mee domat laang net genuch: an England raumt den Ole Gunnar mat frëndlecher Hëllef vun eisem beléiften Harry da lo awer säi Büro, a Frankräich sinn alt rëm Fläsche geflunn an an der Ukrain ass den Oli Thill guer net méi ze halen.