#20 Et ass souwäit

Published: Jan. 12, 2021, 8:55 a.m.

D’Buvette ass endlech rëm ob! An de Start an dat neit Foussballjoer fänkt direkt ganz geckeg un, well et ass geschitt... Schalke huet, an nee mir dreemen net, endlech mol rëm eng Kéier 3 Punkte geholl. An dat war esou aussergewéinlech, dass de Ben sech fir déi Episode soss näischt opgeschriwwen huet. Dobäi waren nach 2 Topmatcher an der Bundesliga, déi hiren Numm definitiv verdéngt haten! Dëse Weekend war dann och de FA-Cup an England, wou Liverpool géint eng gefillte Poussins-Equipe vun Aston Villa gespillt huet, a wei eng legendär Coupen doduerch an d’Gespréich kommen an den Dylan an Nostalgie versetzen, héiert dir an der neier Episode “Et ass souwäit”.