#19 Aaschbomme fir den Dylan

Published: Dec. 22, 2020, 8:25 a.m.

An der Buvette war et den Dag vun de Premièren! Net nëmmen hellt den Dylan fir d’éischt doheem ob, mee och de Futsal gouf ugeschwat, méi genau den FC Déifferdeng 03, deen als éischt Lëtzebuerger Equipe eng Ronn an der Champions League weider kennt. Donieft schwätzen d’Jongen aus der Buvette iwwert eng eventuell nei Abseitsregel, déi allerdéngs ob wéineg Begeeschterung trefft. Zwou Gol-Maschinnen aus Argentinien a Polen, de José Mourinho mat der Ausso vun der Woch an eng Iddi, wei Schalke rëm kéint ob déi richteg Spuer geroden, stoungen um Programm. An wei et zum Titel komm ass, héiert dir an der neier Episode “Aaschbomme fir den Dylan”.