Angscht a Schrecken mam beschten Frend vum Mensch

Published: Aug. 11, 2008, 7:49 p.m.

b'Wann een mir d\\u2019Wiel geif lossen, wier ech wahrscheinlech eischter een Katzenmensch. Och wann main geeschtege Papp an pers\\xe9inlechen Held mech eischter zu engem Pohunn g\\xe9if verpflichten, esou fannen ech Kaatzen dach meeschtens ziemlech angenehm D\\xe9iren. Et muss en sech net vill em se kemmeren, et huet een eng schnurrend W\\xe4rmefl\\xe4sch fir kaal Deeg an et kritt en heinsdo nach eng doudeg Maus oder soss D\\xe9iren virun d\\u2019Kichendir geluecht. Eng Saach, d\\xe9i extrem praktesch ass, wann een Zeugen Jehovas oder soss Leit, d\\xe9i ongefroot bei engem schellen, well verjoen. Daat geht ganz einfach: Et deet een sech schwaarz un, et schminkt een sech nach vill m\\xe9i schwaarz an f\\xe4chelt dann mat dem doudegen D\\xe9iren, daat een op en Spiess gestach huet, rondrem an schwaafelt e bessi Kichenlatein.'